Fotoe vun der Schwangerschaft an de Puppelcher

Dir sidd (mindestens) zu zwee beim Fotograf!

Mam Baby-Bauch, deen net ze iwwersinn ass, ass et eng opreegend Zäit voller Virfreed op de klenge Foto-Shootingstar! A knapps ass de Puppelchen op der Welt, vergeet d‘Zäit vill ze schnell. Di kleng Hänn, dat éischt Laachen – mat Gedold a Know-How hale mir di ganz besonnesch Momenter fest. Ob Newborn- a Baby-Fotos, Kanner-Fotos, Eenzel- a Familjeportraits oder Generatioune-Fotoen, an eisem Fotostudio as Plaz fir Iech all!

Tipps zu de Babybauch- an Puppelchers-Portraits:

Ideal fir Babybauch-Fotoen ass ëm di 35. Woch. De Bauch ass da scho grouss genuch an di lescht Woche ginn net manner ustrengend. Denkt drun, Äre RDV fréi genuch ze reservéieren!

Ob eleng oder mat Ärem Partner - kommt entspaant a gutt gelaunt an de Studio. Och di zukünfteg Geschwëster si wëllkomm. Bréngt Kleeder mat, di de Bauch betounen a gutt an Zeen setzen. Wann Dir méi Haut weise wëllt, ditt virdru keng enk Kleeder un. Et ass wichteg, dass Dir Iech wuel fillt. Wann de Puppelchen da bis do ass, soll hie sat, ausgeschlof a gesond säin éischte Fotoshooting erliewen. Kleng Pausen si kee Problem, mir huelen ons Zäit! Ideal ass e RDV moies. Vermeit et, mat deene Klengsten owes ze kommen; Dir ditt Iech kee Gefalen, wann de Butz de Shooting di ganz Nuecht verschafft.

Gäre kennt Dir och verschidde Kleeder a perséinlech Accessoirë matbréngen. Denkt awer drun, dass ze vill Un -an Ausdoen Äert Kand opdréie kann. Zwou Tenue gi vollkommen duer.

Mir fotograféiere souwuel ganz Klenger (ab 1 Woch), wéi och mi grouss Puppelcher. De beschten Zäitpunkt ass bei deene Klengen, wann d'Nuebelschnouer erofgefall ass, a bei deene mi groussen, wann se selwer de Kapp héich hale kennen.

Wa se méi al sinn, ass et gutt wann se krabbelen oder lafe kënnen.

UFRO

Fir eng personaliséiert Offer oder all aner Informatiounkontaktéiert eis oder benotzt dëse Kontaktformulaire

ADRESS

12, rue du Bois L-7354 Helmdange (Commune de Lorentzweiler)

 

 

Creation & webdesign : MEDIATION S.A