Grouss Momenter (Hochzäit, Daaf, Kommunioun)

Fotomoments, please! Erlieft onvergiesslech Fotomomenter, un déi Dir Iech fir ëmmer erënnere wäert!

Ob dir eleng oder zu méi sidd, sief et fir Äert Evenement oder fir Iech bei Ärer léifster Beschäftegung an Zeen ze setzen, mir sinn dobäi wann Dir Äre Moment zelebréiert! A beandrockende Biller erfaasse mir d’Emotiounen an d’Atmosphär zu all Moment. Loosst eis Är Geschicht erzielen a reservéiert Äre Fotoshooting haut! Mir freeën eis, onvergiesslech Fotomomenter mat Iech ze deelen! 

Tipps GROUSS MOMENTER

Mat eisen Fotoen erënnert Dir Iech och no Joren un di wichteg, di romantesch an och un di lëschteg Momenter vun Ärem Liewen. Ons ass et wichteg, di ganz eegenen Ambiance vun Ärem groussen Dag anzefänken an di wichteg Momenter mat Iech ofzestëmmen.

Bei Kannerportaits wi z.B. fir d’Kommioun, ass et wichteg, dass de Spaass am Mëttelpunkt steet. Vermeit et, de Kanner am Viraus ze vill Instruktiounen ze ginn. Paakt d'Lieblingskleeder an en Accessoire an, deen mat op d'Foto dierf. Dat hëlt de Kanner d'Onsécherheet.

A wann dir Iech oder Ärem Beschten eng ganz extra Freed wëllt maachen, da kommt bei eis op den “Trau-Dech-Fotoshooting”: den “Trau-Dech-Shooting” ass privat an sou eenzegaarteg wi Dir. Bei Iech doheem oder am Fotostudio gidd Dir esthetesch, spannend a prickelnd an d’Bild gesaat.

Wéi bei all eise Fotoshootings hutt Dir d‘Méiglechkeet, Är Fotoen an héijer Opléisung ze bestellen (digital Daten via Download). An eiser Gamme vun Albume fannt Dir bestëmmt Äert perséinlecht Schmockstéck, wat Dir iwwer Joren ewech gären ukuckt.

UFRO

Fir eng personaliséiert Offer oder all aner Informatiounkontaktéiert eis oder benotzt dëse Kontaktformulaire

ADRESS

12, rue du Bois L-7354 Helmdange (Commune de Lorentzweiler)

 

 

Creation & webdesign : MEDIATION S.A