Fotografie-Weiderbildunge fir all Niveau an all Alter

Profitéiert vun eiser laangjäreger Erfarung an der Fotografie fir selwer besser Fotoen ze maachen!

Well een all Dag dozou léiert a mat sengen Aufgaben wiisst, bidde mir Foto-Workshops vun Theorie bis Praxis, vun Ufänger bis Expert.All eis Foto-Workshops kennen individuell oder am Grupp gebucht ginn. Kontaktéiert ons fir en individuellen Datum, ob bei ons am Studio oder bei Iech doheem, an enger Firma, engem Club, …
Donieft organiséiere mir am Laf vum Joer verschidde Gruppen-Workshops, di iwwer di sozial Netzwierker ugekënnegt ginn.

Ufänger-Workshops:

Easy Pics

FIR WIEN ?

„Ech kenne mech guer net mat der Fotografie aus, ech wëll just, dass meng Biller besser ginn. Ech wëll mech punkto Technik just e Minimum mat engem Fotoapparat auserneesetzen, dann ass den Easy Pics genau richteg fir mech.“

 

Fir de Workshop Easy Pics si keng fotografesch Kenntnesser erfuerderlech. Bréngt Är Kamera mat a mir kucke praxisorientéiert zesummen, dass Är Fotoen am Alldag besser geléngen.

SCHLUSS MAT DER AUTOMATIK

FIR WIEN ?

„Ech hunn Interessi un der Fotografie, stinn awer nach bei Null a wëll mech an Zukunft méi mat der Fotografie beschäftegen. Ech hunn en neie Fotoapparat, weess awer net, wat ech alles domat maache kann, dann ass den „Schluss mat der Automatik“ genau richteg fir mech.“

 

Fir de Workshop "Schluss mat der Automatik" si wéineg fotografesch Kenntnesser erfuerderlech. Bréngt Är Kamera mat a mir kucken zesummen, wéi Dir dat Bescht aus der Technik eraushuelt. No dësem Cours ass är Foto keen Zoufallsprodukt méi. Dir verstitt, wéi d‘Fotografie funktionéiert a kënnt selwer entscheeden, wéi Är Foto ausgesäit.

Workshops fir Fortgeschrattener:

BLËTZCOURS - SPEEDBLITZ

FIR WIEN ?

„Ech sinn interesséiert un der Fotografie mat Blëtz, Speedblëtz an „entfesselt blëtzen“. Ech wëll mat schwierege Luucht-Situatiounen ëmgoe léieren, fir besser Fotoe mat Blëtz ze maachen.“

 

Fir de Blëtzcours ass e Minimum un Erfarung am techneschen Ëmgang mat Ärer Kamera gefrot (manuell Astellungen). Erfarung mam Blëtz braucht Dir keng. Dir braucht Är Kamera, en externe Blëtz an en Trigger oder e Synchro-Kabel.

StudioStart

FIR WIEN ?

„Ech sinn interesséiert un der Fotografie am Fotostudio. Ech kenne mech mat mengem Fotoapparat schon aus, wëll an Zukunft awer och am Studio fotograféieren.“

 

Fir de Studiostart ass e Minimum un Erfarung am techneschen Emgang mat Ärer Kamera gefrot. Erfarung am Fotostudio braucht Dir keng.

Expert-Workshops:

Pro-Lighting Studio

FIR WIEN ?

„Ech hu gutt fotografesch Kenntnesser an hunn och scho mol am Studio fotograféiert. Ech wëll awer méi iwwert Studioluuchten, Opbau vum Set, asw. wëssen.“

 

Den „Pro-Lighting Studio“ ass en Opbau-Cours mat vill Praxis. Erfarung mat der Kamera an e Minimum u Studioerfarung sinn erfuerderlech. Dëse Cours ass d‘Erweiderung vun eisem Studiostart-Cours.

Iwwert e ganzen Dag fotograféiere mir 5 verschidde Luucht-Setups mat Modell. Mëttespaus mat Iessen, Modell a Visagist inklusiv.

HOCHZÄITSFOTOGRAFIE-WORKSHOP

FIR WIEN ?

„Ech interesséiere mech fir Hochzäitsfotografie a wëll méi wëssen iwwert den Ëmgang mam Brautpuer, mat all deene spezielle Situatiounen, déi fotografesch op mech duerkomme bei enger Hochzäit.“

 

Ob als Hobby oder Beruff, profitéiert vun eiser laangjäreger Erfarung als Hochzäitsfotograf. Bei enger Hochzäit kritt Dir keng zweet Chance, eng Foto ze maachen, alles muss direkt passen. Fir dëse Workshop braucht Dir Erfarung mat Ärer Kamera. Vun der Theorie iwwert d’Praxis, mat dem Volet Marketing, alles ass am Wedding Workshop dran (1 Dag: Theorie + Marketing oder 2 Deeg: Theorie + Marketing + Praxis).

UFRO

Fir eng personaliséiert Offer oder all aner Informatiounkontaktéiert eis oder benotzt dëse Kontaktformulaire

ADRESS

12, rue du Bois L-7354 Helmdange (Commune de Lorentzweiler)

 

 

Creation & webdesign : MEDIATION S.A