LEVYGRAPHIE : Fotostudio a villes méi…!

Seid Juli 2000 kreéiere mir aussokräfteg, ästhetesch an dynamesch Fotoe am eegene Fotostudio oder „bei Iech“. Eis Schwéierpunkten si Portraiten, Fotoreportagen,

Dokumentatiouns- an Architekturfotoen, déi mir souwuel fir Firmen, wéi och fir Privatleit maachen.

FOTOGRAFIE AS EISE BERUFF AN EIS PASSIOUN!

Portraits vu jonk bis al, an der Famill oder eleng, “on location” oder an eisem Fotostudio zu Hielem (Gemeng Lorentzweiler, Lëtzebuerg), Fotoreportagen an Dokumentatioune vu Produkter an Evenementer (Kommioun, Hochzäit, Fester, Portes ouvertes…) a villem méi. 

Vu Businessportraits bis hin zu Babybauch-Fotoen, Architektur-Opnamen, Photobooth, Fotografie-Workshops, Fotoalbumen a Rummen, fir Är privat a geschäftlech Fotoen, designe mir Är Foto.

PROFITÉIERT VUN EISER LAANGJÄREGER ERFARUNG AN DER FOTOGRAFIE FIR SELWER BESSER FOTOEN ZE MAACHEN!

Well een all Dag dozou léiert a mat sengen Aufgaben wiisst, bidde mir Foto-Workshops vun Theorie bis Praxis, vun Ufänger bis Expert.All eis Foto-Workshops kennen individuell oder am Grupp gebucht ginn.

WEIST ÄR FOTOEN!

well se sinn ze schued fir um Computer ze “verstëbsen”.

KADDOSBONG

Maacht Äre Frënn oder Ärer Famill eng besonnesch Iwwerraschung mat engem Bong fir e Fotoshooting!

INSTAGRAM

MIR WAREN DO….!

Merci dem Photograph fir déi gudd Arbecht !

"Dir hut en spontanen Déplacement bei eis an d’Etude proposéiert fir Portraitsfotoen vun eiser Equipe ze machen, souwéi och nach flott Opnahmen mat der Drône vun der Etude vun Baussen. Merci dem Photograph fir déi gudd Arbecht !"

Etude SCHMARTZ / BOFFERDANGE / CABINET D’AVOCATS

Alles huet super geklappt vun a bis z.

"Daer hudd du stemmung verbreed fier den Shooting dobaussen an och den kennen leier Shooting war Top. Also wann ech nach eemol een brauch kommen ech direkt op ierch zereck."

Romain M. / Administration communale de Mondercange

Proffessionaliteit, Verloos, Frendlegkeet,

"Schnellegkeet an, ganz wichteg, dei gefroote Biller, waat wellt een mei :-)"

Dany S. / LUXEMBOURG CITY TOURIST OFFICE a.s.b.l.

Salut Anne a Pierre,

“Eise Familje-Shooting mam Pierre war lëschteg. Mir hunn eis wuel gefill an d’Fotoen sinn richteg gutt ginn.” “Säit e puer Joer schon maache mir all eis Mataarbechter-Fotoen fir op eise Site bei Levygraphie. Mir si gutt berode ginn, d’Fotoen sinn tiptop an d’Shootings ëmmer rëm onkomplizéiert an efficace.”

Romain S. / Zentrum fir Politesch Bildung

Beaucoup de professionnalisme

Les photos et les shootings sont fait avec beaucoup de professionnalisme et avec de la bonne qualité. De plus, c’est très agréable de travailler avec Pierre Levy le photographe, il est tellement sympathique et arrangeant, il s’adapte à chaque situation.

Felicia G / Service communication - Administration communale de Walferdange

Anne & Pierre sinn e gudd Team

"Ech hunn Levygraphie S.à r.l. souwuel privat wéi och schon beruflech gebucht. Fazit: Professionnel, flexibel, frëndlech an ausdauernd. Anne & Pierre sinn e gudd Team, an allen 2 hunn ëmmer esou séier wéi méiglech meng individuell Virstellungen ëmgesaat. Den Pierre leet Wäert op Detailer an mëcht och proaktiv Viirschléi, fir flott Biller ze kréeieren. Hien leet sech och mol op de Buedem an miaut, fir bei engem Fotoshoot mat Hond die richteg Foto ze treffen. „

Vanessa Gabriel / Vanessa Gabriel Coaching

Merci Pierre

Mir schaffe gäre mat Levygraphie well mer hei eng ganz effikass a professionell Zesummenaarbecht hunn!

Guy M. / MOMA Schräinerei
Levigraphie Studio Photo Luxembourg
Levygraphie Studio Photo Luxembourg
Levygraphie Studio Photo Luxembourg

UFRO

Fir eng personaliséiert Offer oder all aner Informatiounkontaktéiert eis oder benotzt dëse Kontaktformulaire

ADRESS

12, rue du Bois L-7354 Helmdange (Commune de Lorentzweiler)

ËFFNUNGSZÄITE

Dënschdes-Freides:
8.00-12.00 an 14.00-19.00
Samschdeg op Rendez-vous

Creation & webdesign : MEDIATION S.A