Kanner & Famillje

Ob grouss oder kleng, ob eleng, zu zwee oder zu zéng: Alles laachen fir d‘Foto w.e.g.!

Ob ee wëll oder net: Di Kleng gi ze schnell grouss an di eeler Semestere leider net mi jonk. Profitéiert vum  Moment fir se, zesummen oder eenzel, ze fotograféieren. A wann di ganz Famill dobäi ass, gëtt et em sou méi flott. Eng Familljefoto huet e besonnesche Wäert, deen d‘Zäit iwwerdauert a schéin Erënnerunge schenkt!

Natierlech kennt Dir och an der Koppel an de Fotostudio kommen an Är Léift an eenzegaartege Fotoen festhalen.

A wann dir Iech oder Ärem Beschten eng ganz extra Freed wëllt maachen, da kommt bei eis op den “Trau-Dech-Fotoshooting”: den “Trau-Dech-Shooting” ass privat an sou eenzegaarteg wi Dir. Bei Iech doheem oder am Fotostudio gidd Dir esthetesch, spannend a prickelnd an d’Bild gesaat.

Tipps zu de Kanner - a Familljeportraits:

Kommt entspaant a stressfräi an de Studio.

Vermeit et, de Kanner am Viraus ze vill Instruktiounen ze ginn. Si sollen sech op de RDV freeën a mat Motivatioun an de Studio kommen, do dierf natierlech och de Liblingspetzi dobäi sinn. Di meescht Kanner gi gäre fotograféiert wann si däerfen si selwer sinn. Am schéinsten ass openeen ofgestëmmte Kleedung: ob Dir all Jeans a wäisst Hiem unditt oder all wëll gemustert sidd. Dobäi soll natierlech jidderengem seng eege Perséinlechkeet soll net verluer goen.

Denkt drun, dass ze vill Perfektionismus näischt bréngt: Dir musst net Supermodell spillen, am Géigendeel: Dir sollt Iech selwer sinn. Mir hunn e barrièrefräien Zougang zum Studio a Parkplazen direkt virun der Dier.

Well si och zur Famill gehéieren, sinn de Mupp, d'Puss an den Hoppel bei eis wëllkomm.

UFRO

Fir eng personaliséiert Offer oder all aner Informatiounkontaktéiert eis oder benotzt dëse Kontaktformulaire

ADRESS

12, rue du Bois L-7354 Helmdange (Commune de Lorentzweiler)

 

 

Creation & webdesign : MEDIATION S.A