Wéi bereeden ech mech op mäi Fotoshooting vir?

Wéi bereeden ech mech op mäi Fotoshooting vir?

Levygraphie Photographe

Als professionell Fotografen zu Lëtzebuerg hu mir all Dag mat motivéierte Leit ze dinn, di sech beschtméiglech op hire Fotoshooting virbereede wëllen.
Nieft deene geleefege Saache wéi RDV beim Coiffeur an Kleeder-Auswiel gin et eng Rei Tipps, wéi Dir Iech am Beschten op Äre Fotoshooting virbereet.

Dat Wichtegst: kommt entspaant a gutt gelaunt an de Studio. De RDV soll Iech Spaass maachen. Kommt awer och pünktlech fir onnéidege Stress ze vermeiden. Dëst ass besonnesch wichteg, wa Kanner mat dobäi sinn. Vermeit et, de Kanner am Viraus ze vill Instruktiounen ze ginn. Och si sollen sech op de RDV freeën a mat Motivatioun an de Studio kommen, do dierf natierlech och de Liblingspetzi dobäi sinn. Wann Dir mat Ärem Puppelche kommt, soll hie sat, ausgeschlof a gesond säin éischte Fotoshooting erliewen. Kleng Pausen si kee Problem, mir huelen ons Zäit!

Eng Ersatztenue ass ëmmer gutt dobäi, grad bei klenge Kanner: e Mëllechfleck ass schnell geschitt oder de Chockolat op der Box verdeelt. Wann Dir Haut weise wëllt, ditt virdru keng ze enk Kleeder un, well oft d’Lastiker onschéin Drockplaze maachen.

Oft sinn et d’Klengegkeeten, di op de Fotoe stéierend wierken. Zum Beispill wann Dir den Handy an der Täsch hutt, gesäit een deen als onschéin Bull op der Foto. Oder wann Är Kanner Ofzéi-Tattoos oder d’Fanger vermoolt hunn. Villes kann een an der digitaler Retusch riicht béien, mee oft geet et méi schnell an effikass mat Waasser a Seef.

Sollt dir emol eng Bëlz oder soss eng Wonn hunn, sot dem Fotograf virum Shooting Bescheed. Hie kuckt fir Iech esou ze fotograféieren, dass di Saachen net opfalen. An notéiert et scho fir di spéider digital Retusch.

Grad esou wéi Dir Är Hänn pflegt, pflegt och Är Féiss éier Dir an de Fotoshooting kommt. Oft maache mir eng Serie Fotoen ouni Schong.
Botzt och Äre Brëll virum Shooting.

Eng ganz wichteg Saach zum Schluss: iesst net wärend dem Shooting. Kee Knätsch, keng Kamell. Kanner, di wärend dem Shooting als Belounung Séissegkeete kréien, hunn net nëmmen de Mond voll domat, mee si verléieren och d’Motivatioun fir weider ze maachen. Den Zockerschock mécht et meeschtens dann och net besser. Méi flott ass et, de Kanner zum Schluss eng Belounung ze gin, si dierfen dann och un eisem Séissegkeeten-Automat dréien!