Läscht Är Fotoen!

Läscht Är Fotoen!

Et ass e ganz einfache Geste, an dach fält en deene meeschte Leit ganz schwéier: d’Bildauswahl vu Fotoen an nach schlëmmer: d’Läsche vu Fotoen.
Jidderee kennt dat: 2 Woche Vakanz a scho si nees 250 Fotoe bäikomm. Natierlech eng méi schéi wéi di aner! Prinzipiell kee Problem an Zäite vu Cloud-Déngschter.

Seid de Negativfilm Vergaangenheet ass, hu mer digital Fotoen am Iwwerfloss, gin iwwerschwemmt vun digitalem Inhalt an trauen eis nach net, eis och just vun engem klengen Deel dovun ze trennen. Mee d’Fotoe gi net méi wäertvoll, wat ee méi dovunner huet. Et ass d’Eraussiche vun deene richtege Momenter, deen eng Geschicht erzielt, se lieweg mécht.

Haut versiche mer, iech an de richtege Mindset ze setzen: et bleift just nach dat Bescht dran! A vun do un gëtt et keng falsch Entscheedung méi, all Biller si gutt gewielt. Haalt Iech dat Bescht!

Einfach gesot, denkt dir! Wat en Opwand, denkt dir!
No 20 Joer Erfarung als professionell Fotografen, hu mir natierlech e puer Tricks, di iech et mi einfach maachen, e gudde Choix ze treffen.

– Bewäert di technesch Qualitéit vun de Fotoen: Onschaarfer, Verwackelter, Iwwer-oder Ënnerbeliichte Fotoen gin direkt geläscht. An och déi wou nach de Fanger vum Fotograf op der Lëns ze gesinn ass.
– Vun all Zeen hutt Dir 20 Biller? Setzt Iech fest, wéivilll dass Dir der pro Zeen hale wëllt. Oft hëlt een een an dat selwecht Motiv aus verschidde Wénkelen a Perspektiven. Erfahrungsgeméiss gin do di 2-3 bescht Opnamen duer.
– Kompositioun: vun alle Fotoen, wiéieng spriechen Iech an der Kompositioun extra un? Wéi ass d’Gestaltung, den Hannergrond vum Bild? Sinn Elementer, di stéieren? Di Froen hëllefen Iech op de richtege Wee.
– Ausdrock an Emotioun: Wielt déi Biller aus, di eng staark emotional Wierkung hunn an di gewënschten Atmosphäre a Stëmmung vermëttelen.
– Vilfalt: Versicht, verschidden Aspekter vum Thema auszewielen. Villfalt heescht net, vill Fotoen, mee verschidde Motiver di perfekt de Moment beschreiwen.
– A ganz wichteg: waart net ze laang, bis der Är Auswiel vu Fotoe maacht. Soss maacht der se dono net.

A wann der elo Äre Best-of fonnt hutt, wee weess, villaicht passen se jo dann all an e schéinen Album!