UNIKAT: 100 % DU

UNIKAT: 100 % DU

2023_actualite_wetplate

Mir si begeeschtert vun der Fotografie, där vun haut, där vu muer awer och där vu gëschter. Erlieft de Charme vu vergaangenen Zäiten a gitt verzaubert vun der Schéinheet an der Eenzegaartegkeet vun der Wetplate-Fotografie. Mat dëser nostalgescher Technik ginn Är Erënnerungen zu richtege Konschtwierker, déi zäitlos Ästhetik an eng speziell Atmosphär ausstralen.

Ouni digital Optimiséierung a Retusch sinn eis “Unikat”-Fotoen absolut authentesch. Eng Stonn dauert et bis eng eenzeg Foto entstanen ass. Bei der “Wetplate”-Technik (Kollodium – Nassplatte) gëtt klassesch am Labo geschafft. Noo der Opnahm vum Bild mat engem klasseschen Fotoapparat gett d’Bild op enger Trägerplaque – meeschtens aus Glas – an der Donkelkummer entwéckelt. All Opnahm gëtt eemoleg, handgemaach mat Leidenschaft. Sidd dobäi beim “magesche Moment”, wann Är Foto duerch d’Entwécklung mat spezielle Chemikalien lieweg gëtt.

Loosst Iech verzauberen vun der Magie vun der Wetplate-Fotografie! Eng eenzegaarteg Erfarung am Kontrast zu der schnelllieweger digitaler Welt: Däin UNIKAT, 100 % authentesch, 100 % DU.

Kontaktéiert eis an daucht an an d’Welt vun der Wetplate-Fotografie.