Sou geléngt Äre Familljen-Fotoshooting!

Sou geléngt Äre Familljen-Fotoshooting!

Grouss a kleng vereent an op enger Foto zesumme veréiwegt. Wat ganz klassesch kléngt, ass en echt a wäertvollt Erënnerungsstéck fir di ganz Famill. Als Zäitzeugnis hunn di Fotoen eng onersetzbar Valeur net nëmme fir di eeler Leit.

An eisem Fotostudio ass Plaz fir jiddereen, méi Generatioune kenne problemlos zesumme bei eis Foto maache kommen. Oft ass de RDV am Fotostudio souguer e grousse Moment vum “Erëmgesinn” a bitt d’Geleeënheet, sech erëm “nei” kennenzeléieren.

Fir dass Äre Familjeshooting geléngt, hu mir e puer Tipps fir Iech:

Kommt virun allem entspaant a stressfräi an de Studio.
Vermeit et, grad de Kanner am Viraus ze vill Instruktiounen ze ginn. Di meescht Kanner gi gäre fotograféiert wann si däerfen si selwer sinn. Denkt drun, dass ze vill Perfektionismus näischt bréngt: Dir musst net Supermodell spillen, am Géigendeel: Dir sollt Iech selwer sinn.

Fir dass och jidderee mat op de RDV ka kommen, hu mir e barrièrefräien Zougang zum Studio a Parkplazen direkt virun der Dier.

Dat schwéierst ass sécherlech, de passenden Datum fir e Famillje-Shooting ze fannen. Hei kenne mir Iech eis “Shooting-Sundays” ubidden. Dëst Joer maache mir 3 Mol eise Fotostudio Sonndes op exklusiv fir grouss Famillje-Fotoshooting!
Kommt all zesummen, grouss a kleng, jonk an al, op engem vun dësen Datumen: 12.05.2024, 22.09.2024, 01.12.2024 an eise Studio.
Infoen a Reservatioune bei eis!