06 May Di richteg Tenue fir Är Business-Portraits
Egal ob Är Firma Iech bei de Fotograf schéckt oder ob Dir fir Iech selwer Fotoe maache kommt: di Tenue, di Dir fir Är Geschäftsportraiten drot, transportéiert Är professionell Identitéit. Maacht Iech bewosst datt déi meescht Leit Iech als éischt op enger Foto gesinn ier Dir Iech a Wierklechkeet begéint.
Wann Dir net wësst, wat Dir sollt fir Är Business-Portraits undoen, hei sinn e puer Tipps:
– Wielt Kleeder aus, di bei Äre Beruff passen, ouni Är Perséinlechkeet ze verléieren. Inspiréiert Iech bei Leaderen, wat déi undoen fir Iech eng Idee ze gin. Vermeit Kombinatiounen, di fir aner Beruffer typesch sinn. Kleed iech esou fir Ären “ideale Client” ze beandrocken.
– Wielt keng ofgedroe Kleeder, Fusselen, Rësser a lasse Knäpp kommen op der Foto ze vill eraus. Dat zielt och fir Är Schong.
– Wielt Uni-Faarwen amplaz Musteren, well déi e Moiré Effekt am Bild verursaachen. Wann Dir Mustere benotze wëllt, kombinéiert se mat passenden Unis-Farwen.
– Dir musst net gänzlech konservativ ugedoe sinn, mee kommt awer och net ze “casual”. Et gëtt e Wee tëscht zwee Stiler.
– Wielt einfach Accessoiren: evitéiert zum Beispill grouss Bijoue well déi meescht Portraite op Äert Gesiicht beschnidde ginn. D’Accessoiren si geduecht fir de finalen Touch ze gin a sollen Iech net d’Show stielen.
– Kontrastéiert mam Hannergrond: frot d’CI Richtlinnen déi normalerweis fir Portarits an Ärer Firma applizéiert ginn. Wann et keng gëtt, schwätzt mam Fotograf a wielt zesummen eraus wéi en Hannergrond passend ass.
– Huelt Ären Telefon an aner Saachen aus de Boxentäschen, well se als Bëlz gutt siichtbar sinn. Bréngt en Kamp oder eng Biischt mat. Wichteg ass och e gebotzten Brëll.
An elo: dress for success!