Kommiounsportraits: klassesch oder léiwer originell?

D'Kommioun ass e wichtege Moment; verständlech, dass d'Kanner opgeregt sinn, och wann et bei de Fotograf geet. Hei kenne se, och am Kommiounsrack, ganz si selwer sinn. De Spaass steet am Mëttelpunkt.

Tips zu de Kommiounsportraits:

  • Vermeid et, de Kanner am Viraus zevill Instruktiounen ze gin. Di meescht Kanner gi gäre fotograféiert, wann si dierfe si selwer sinn.

  • Paakt niewt dem Kommiounsrack och d'Lieblingskleeder oder en Accessoire an, deen mat op d'Foto dierf. Dat hëllt de Kanner d'Onsecherheet.

  • Mir maachen all Joer e Package-Special zu de Kommiounsfotoen. Froot ons dono!

Interesséiert? Dann zéckt net, ons ze kontaktéieren!