Kanner- a Familjeportraits: Alles laache fir d‘Foto w.e.g.!
Ob ee wëll oder net: Di Kleng gi vill ze schnell grouss. Lo ass de Moment fir se esou lieweg a spontan wi se sinn, ze fotograféieren. An Spaass soll et och maachen! A wann di ganz Famill dobai ass, gett et em sou méi flott, well eng Familljefoto huet e besonnesche Wäert, deen d‘Zäit iwwerdauert.
Tips zu de Kanner- a Familje-Portraits:
-
Kommt entspaant a stressfräi an de Studio.
-
Vermeid et, de Kanner am Viraus zevill Instruktiounen ze ginn. Si sollen sech op de RDV freeën a mat Motivatioun an de Studio kommen. Di meescht Kanner gi gäre fotograféiert wann si däerfen si selwer sinn.
-
Natierlech kann och de Petzi oder d‘Lieblingsspillsaach mat op d‘Foto.
-
Am schéinsten ass openeen ofgestëmmte Kleedung: ob Dir all Jeans a wäisst Hiem undidd oder all wëll gemustert sidd.
-
Ob jonk oder aal, jidderengem seng eege Perséinlechkeet soll net verluer goen.
-
Fir di eeler Semesteren oder Leit am Rollstull ass en Zougang zum Studio ouni Traapen do. Mir hun och Parkplazen direkt virun der Dier.
-
Well si och zur Famill gehéieren, sinn och de Mupp oder d'Puss wëllkomm.
Interesséiert? Dann zéckt net, ons ze kontaktéieren!








