Portraits vu Puppelcher: sou kleng a schonn e Shootingstar!

Knapps op der Welt a scho vergeet d‘Zäit vill ze schnell. Di kleng Hänn, dat éischt Laachen - all Moment ass dowärt, fotograféiert ze ginn. Mat Gedold a Know-How hale mir di ganz besonnesch Zäit fest.

Tips zu de Puppelchers-Portraits:

  • Äre Puppelche soll saat, ausgeschlof a gesond säin éischte Fotoshooting erliewen.

  • Ideal ass e RDV moies. Vermeid ët, mat deenen Klengsten owes ze kommen; Dir didd Iech kee Gefallen, wann de Butz de Shooting di ganz Nuecht verschafft. Wann et zäitlech méiglech ass, passe mir eis Ärem Rythmus un.

  • Mir maachen alles fir dass Äre Puppelchen sech wuelfillt; de Studio ass gudd waarm, kleng Pause si kee Problem, mir huelen ons Zäit!

  • Gäre kennt Dir och verschidde Kleeder a perséinlech Requisitë matbréngen. Denkt awer drun, dass zevill Un -an Ausdoen Ärt Kand opdréie kann. Zwou Tenuen gin vollkommen duer.

  • De Nowuess steet am Mëttelpunkt, awer natierlech kommt Dir och mat op d‘Foto.

  • Mir fotograféieren souwuel ganz Klenger (ab 1 Woch), wi och mi grouss Puppelcher. De beschten Zäitpunkt ass bei deene Klengen, wann d'Nuebelschnouer erofgefall ass, a bei deene mi groussen, wann se selwer de Kapp e bessi haale kennen. Wa se méi aal sinn, ass et gudd wann se krabbelen (oder laafe) kënnen.

Interesséiert? Dann zéckt net, ons ze kontaktéieren!